Vergaangen Aktivitéiten

Nächst Aktivitéiten

img_mission

D'Sektioun natur&ëmwelt Nordstad besteet aus Fräiwëllegen, déi sech fir den Naturschutz an de Gemengen vun der Nordstad asetzen. Mir engagéieren eis fir d'Erhale vun der Biodiversitéit an den Aarteschutz an enger eenzegaarteger Natur- a Kulturlandschaft.

Fir dat Ziel ze erreechen, organiséiere mer dat ganzt Joer iwwer Aktivitéiten a Weiderbildungen zum Theema Naturschutz (Chantiers Nature, Vigelberéngungen, geféiert Wanderungen, Uplanzungen, Uebstbeemschnëttcoursen, Waassermärelskëschtekontroll, Krautwësche bannen a villes méi...), bei deenen interesséiert Bierger häerzlech wëllkomm sënn.

Mir bidden och vill familljefrëndlech Aktivitéiten un. Mir féieren och all Joers Zielunge vu Kormoranen op der Mëttelsauer duerch. Ausserdeem këmmere mir eis ëm d'Rettung an d'Fleeg vu blesséierte Vullen an anere Wëlldéieren a sti jiddwerengem, dee Froen zur Natur huet, gär mat Rot an Dot zur Säit.

Mir setzen eis net nëmme fir den Naturschutz an, mee mir wëllen och deenen Interesséierten d'Freed an de Genoss un der Natur méi nobréngen. Falls Dir interesséiert sidd un eisen Aktivitéiten deelzehuelen oder Froen am Zesummenhang mat der Natur hutt, fannt Dir eis Kontaktdaten an Aktivitéiten hei um Site.

Mir freeën eis op all Fräiwëlleg, déi sech engagéiere wëllen a Freed un der Natur hunn.

Publikatiounen
Mir hunn eng immens flott Noriicht:

 

Eis beléiften Traditioun vum Léiffrawëschdag gouf no enger Ufro vun eiser Säit mat der Hëllef vum Kulturministerium an der Ënnerstëtzung vun natur&ëmwelt, der Greiweldenger Leit a.s.b.l. an dem Erzbistum den 29. Oktober 2020 op den nationalen Inventar vum immaterielle Kulturierwe vum Groussherzogtum Lëtzebuerg opgeholl.

 

Weider Informatiounen fannt Dir ënnert dësem Link:
Arrêté Léiffrawëschdag
E Freiden, den 22. Mäerz konnte mir zu Dikrech eis Generalversammlung ofhalen. De Guy Klein huet eis ee flotte Film iwwert eis Aktivitéite vum leschten Joer gewisen. Den Highlight war de Virtrag iwwer d'Wëlldéierestatioun zu Diddeleng.  

2024_03_22_Generalversammlung

Blog

Neiegkeeten

Natur&ëmwelt Nordstad-Sektioun
Natur&ëmwelt Nordstad-Sektioun2 Woche(n) vor
Generalversammlung – natur&emwelt Nordstad
Administration de la nature et des forêts
Nächste Freideg, den 21. Mäerz, um 19 Auer hu mir eis Generalversammlung zu Dikrech bei der ANF (81 Avenue de la Gare, L-9233 Diekirch). Iech erwaarden ënner anerem ee Film vum Guy Klein iwwert eis Aktivitéiten am Joer 2024 an e Virtrag vum Marcel Hellers iwwer Kleinschmetterlinge. Géint den Duuscht an de klengen Honger kréie mer natierlech och eppes gemaach. 😉

Kandidature fir an de Comité sinn ëmmer wëllkomm.

Mir freeën eis iwwer jiddereen, dee komme wäert!

Weider Informatioune fannt Dir ënner
Natur&ëmwelt Nordstad-Sektioun
Natur&ëmwelt Nordstad-Sektioun4 Woche(n) vor
Leider musse mer de Chantier nature fir dëse Weekend komplett ofsoen, well op de Fiichtwisen d'Waasser nach steet. 😕
Natur&ëmwelt Nordstad-Sektioun
Natur&ëmwelt Nordstad-Sektioun4 Woche(n) vor
Mir musse leider eise Chantier nature fir d'Orchideeën ofsoen, deen hätt sollen nächste Samschdeg, den 8. Mäerz, um Botterweck sinn.

Eventuell kënne mer alternativ e Chantier nature zu Ierpeldeng op der Fiichtwiss ubidden, awer nëmme wann d'Verhältnisser um Terrain et zouloossen! Et däerf dofir net ze naass sinn. Mir ginn an deenen nächsten Deeg kontrolléieren an halen Iech um Lafenden!
Natur&ëmwelt Nordstad-Sektioun
Natur&ëmwelt Nordstad-Sektioun4 Woche(n) vor
🐦🪹 Wann Dir nach op der Sich no Nistkëschte sidd, ier d'Villercher ufänke mat bréien, kënnt Dir der bei eis fir 22 Euro d'Stéck kafen. Den Duerchmiesser vum Lach läit bei ronn 32 mm; domat sinn d'Nistkëschte gëeegent fir z. B. Spatzen, Meesenaarten, Kuesleefer (Kleiber), Trauerschnëpper, Hausroutschwanz etc. D'Këschte sinn all mat engem Drot fir opzehänken ekipéiert an den Deckel vir kann een opklappen, wann een den Nol ënne riets erauszitt.

Wann Dir interesséiert sidd, kënnt Dir Iech per Telefon beim Guy Klein (+352 661 821 960) oder beim Georges Oestreicher (+352 691 304 019) melle fir een Treffe bei eis am Lokal zu Ettelbréck (15, place de la Libération, L-9060 Ettelbrück) auszemaachen.
Natur&ëmwelt Nordstad-Sektioun
Natur&ëmwelt Nordstad-Sektioun2 Monate vor
Wéi all Joer hu mir och erëm dëse Wanter eng Beobachtungsaktivitéit iwwer d'Waasservigel ofgehalen.
Et goung fort zu Dikrech bei der „Aler Schwämm“ iwwer d'Vëlospist Richtung Angelduerf.
Kuckt Iech déi heite Biller un.

NordstadGemengen

2016 hunn déi zwou natur&ëmwelt-Sektiounen Dikrech an Ettelbréck sech dozou entschloss eng nei regional Nordstad-Sektioun ze grënnen. D’Sektioun ëmfaasst all Nordstad-Gemengen: Dikrech, Ettelbréck, Schieren, Colmar-Bierg, Ierpeldeng a Bettenduerf.