Natur&ëmwelt Nordstad-Sektioun
Natur&ëmwelt Nordstad-Sektioun2 Woche(n) vor
🦋 Fir eis Päiperlekswanderung nächste Samschden, den 12. Juli, treffe mir eis um 9:30 Auer zu Biissen um Wobierg um Parking bei der Grillplaz. Mir freeën eis op Iech!

Fir Iech unzemellen a weider Informatiounen, kuckt op https://naturemwelt-nordstad.lu/?event=schmetterlingswanderung-2&event_date=2025-07-12

Link fir den Treffpunkt op Google Maps: https://maps.app.goo.gl/bGvpawetmSuusJJB8

Eng kleng Kaart mat der Anfahrt ass an de Kommentaren.
Natur&ëmwelt Nordstad-Sektioun
Natur&ëmwelt Nordstad-Sektioun1 Monat vor
Am Kader vum „World Swift Day“ bitt natur&ëmwelt dëst Joer Formatioune mat Visite guidée iwwer Leeëndecker (de.: Mauersegler) un. Dobäi gitt Dir gewuer, wourop ee beim Beobachten oppasse muss, wéi ee Bruttplazen erkennt an nach villes méi.

Dat wieren:
• Den 18.06 zu Wolz, vun 19:30 bis 21:00 Auer (https://www.naturemweltasbl.lu/de/event/monitoring-du-martinet-2/)
• De 24.06 zu Dikrech, vun 19:30 bis 21:00 Auer (https://www.naturemweltasbl.lu/de/event/mauersegler-monitoring/)

Umelle kënnt Dir Iech iwwer reservation@naturemwelt.lu
Natur&ëmwelt Nordstad-Sektioun
Natur&ëmwelt Nordstad-Sektioun3 Monate vor
Naturausfluch um 1.Mee.
D'Coby MEESTER an d'Béatrice CASAGRANDA hun am Dall vun der Woltz,wou d'Natur an d'Geschicht an enker Verbindung stinn,den Visiteuren Erklärungen gin.
Do am fréieren Staatssteebroch zu Mäerkels gouf Material fir den Stroossebau verschafft.
Elo hun do nees Planzen- an Déierenaarten ee Liewensraum fonnt.
Natur&ëmwelt Nordstad-Sektioun
Natur&ëmwelt Nordstad-Sektioun3 Monate vor
Och erëm dëst Joer hate mit eng Aktivitéit ënnert der Leedung vum Marie KAYSER,wat ons Erklärungen iwer d'Berérengung vun Wasservigel matgedeelt huet.
Hei an den Fotoen gesitt dir den Oflaaf vun dëser Aktioun.
Natur&ëmwelt Nordstad-Sektioun
Natur&ëmwelt Nordstad-Sektioun3 Monate vor
Eis 1.-Mee-Wanderung geet dëst Joer an d'Mierkelzer Steegrouwen. Mellt Iech u fir Spannendes iwwer Geschicht vun den Steegrouwen an d'Flora a Fauna an der Géigend gewuer ze ginn. Umellen kënnt der iech per Mail un: comite@naturemwelt-nordstad.lu oder Tél: 621650470. Bréngt Wanderschung, ee Fernglas an een klengen Picknick mat. Um 9:30 geet et lass. Mer freeën eis op iech. Ären Comité🌳

https://naturemwelt-nordstad.lu/?event=naturausflug-2
Natur&ëmwelt Nordstad-Sektioun
Natur&ëmwelt Nordstad-Sektioun3 Monate vor
Eis nächst Aktivitéit, d'Beréngung vu jonke Waassermärelen (Cinclus cinclus), ass dëse Samschdeg, de 26. Abrëll 2025, vun 10 bis 12 Auer. Den Treffpunkt ass um Parking vun der Gulf-Tankstell op der Bleesbréck. Denkt wgl. drun, Gummisstiwwele matzebréngen.

Fir weider Detailer a fir Iech unzemellen, kuckt wgl. op https://naturemwelt-nordstad.lu/?event=beringen-von-wasseramseln-2&event_date=2025-04-26