Nächst Aktivitéiten

D'Sektioun natur&ëmwelt Nordstad besteet aus Fräiwëllegen, déi sech fir den Naturschutz an de Gemengen vun der Nordstad asetzen. Mir engagéieren eis fir d'Erhale vun der Biodiversitéit an den Aarteschutz an enger eenzegaarteger Natur- a Kulturlandschaft.
Fir dat Ziel ze erreechen, organiséiere mer dat ganzt Joer iwwer Aktivitéiten a Weiderbildungen zum Theema Naturschutz (Chantiers Nature, Vigelberéngungen, geféiert Wanderungen, Uplanzungen, Uebstbeemschnëttcoursen, Waassermärelskëschtekontroll, Krautwësche bannen a villes méi...), bei deenen interesséiert Bierger häerzlech wëllkomm sënn.
Mir bidden och vill familljefrëndlech Aktivitéiten un. Mir féieren och all Joers Zielunge vu Kormoranen op der Mëttelsauer duerch. Ausserdeem këmmere mir eis ëm d'Rettung an d'Fleeg vu blesséierte Vullen an anere Wëlldéieren a sti jiddwerengem, dee Froen zur Natur huet, gär mat Rot an Dot zur Säit.
Mir setzen eis net nëmme fir den Naturschutz an, mee mir wëllen och deenen Interesséierten d'Freed an de Genoss un der Natur méi nobréngen. Falls Dir interesséiert sidd un eisen Aktivitéiten deelzehuelen oder Froen am Zesummenhang mat der Natur hutt, fannt Dir eis Kontaktdaten an Aktivitéiten hei um Site.
Mir freeën eis op all Fräiwëlleg, déi sech engagéiere wëllen a Freed un der Natur hunn.
Publikatiounen
Mir hunn eng immens flott Noriicht:
2024_03_22_Generalversammlung
Neiegkeeten
* Samsdes, den 3. Oktober, gi mir mam Bob Bertemes am Kader vum EuroBirdwatch zu Bettenduerf Vulle beonachten. 9:30-12:00 Auer.
* Samsdes, den 10. Oktober, entbusche mer d'Fiichtgebitt zu Ierpeldeng, eng Aktivitéit, déi an de leschte Joren e puer Mol ausgefall ass, well den Terrain ze naass war. 10:00-13:00 Auer.
* Samsdes, de 14. November, planze mer Beem an Hecken op engem Terrain vun der Fondation Hëllef fir d'Natur zu Ettelbréck am Kader vun engem Projet, dee vun der Oeuvre Nationale De Secours ënnerstëtzt gëtt.
Eisen aktuelle Programm fannt Dir op eisem Internetsite ënner https://naturemwelt-nordstad.lu/index.php/aktiviteiten-op-ee-bleck/

Fir Iech unzemellen a weider Informatiounen, kuckt op https://naturemwelt-nordstad.lu/?event=leiffraweschdag-6&event_date=2026-08-14
Fir Iech unzemellen a weider Informatiounen, kuckt op https://naturemwelt-nordstad.lu/?event=leiffraweschdag-6&event_date=2026-08-14
NordstadGemengen
2016 hunn déi zwou natur&ëmwelt-Sektiounen Dikrech an Ettelbréck sech dozou entschloss eng nei regional Nordstad-Sektioun ze grënnen. D’Sektioun ëmfaasst all Nordstad-Gemengen: Dikrech, Ettelbréck, Schieren, Colmar-Bierg, Ierpeldeng a Bettenduerf.










