
🌾 Eis nächst Aktivitéit ass d'Krautwëschbanne fir Léiffrawëschdag. Iwwernächste Freiden, de 14. August, treffe mer eis um 15:00 Auer an eisem Sektiounslokal (15, Place de la Libération, L-9060 Ettelbréck) fir d'Wëschen ze bannen. Mir bréngen d'Planze mat, aus deene mir d'Wësche bannen, mee Dir kënnt och gäre selwer nach zousätzlech Planze matbréngen, z. B. Kraider aus Ärem Gaart. Den Dag drop ginn d'Wësche moies zu Ettelbréck an der Mass geseent an duerno géint ee fräiwëllegen Don, deen am Sënn vum Naturschutz agesat gëtt, verdeelt.
Fir Iech unzemellen a weider Informatiounen, kuckt op https://naturemwelt-nordstad.lu/?event=leiffraweschdag-6&event_date=2026-08-14
Fir Iech unzemellen a weider Informatiounen, kuckt op https://naturemwelt-nordstad.lu/?event=leiffraweschdag-6&event_date=2026-08-14



