Krautwëschdag 2018

Den 14. an 15. August huet natur & ëmwelt Nordstad wéi all Joer fir Maria Himmelfaart traditionell Krautwëschen aus Heelkraider gebonnen an no der Seenung
an der Mass un Leit verdeelt.

Dëst Joer waren allerdéngs duerch déi grouss Dréchent vill Heelkraider well verwielt an et konnten net grad souvill Wëschen wei soss
déi Joren gebonnen ginn.

Et war trotz allem eng flott Aktivitéit an mer wäerten och déi nächst Joren dës wichteg Traditioun weiderféieren an hoffen dat eis och an Zukunft vill Fräiwëlleger hëllefen kommen.

[cws_fgp_photoset id=72157700238488505 theme=projig thumb_size=square_150 enable_download=0]